Gestionnaire Salaire et Administratif

Veröffentlicht am 26/03/2025

Elisabeth logo

Elisabeth


Är Aufgaben:

  • Dir gereiert den administrativen Dossier vun eise Mataarbechter vun hirer Astellung un, wärend hirer ganzer Karriäre, bis zu hirem Depart
  • Dir fleegt Personaldaten an eisen Datebanken
  • Dir organiséiert a garantéiert de Suivi vun de Visitten bei der Aarbechtsmedezin
  • Dir preparéiert a rechent Salairen : Kollekt a Kontroll vun den Donnée’n (Aarbechtszäiten, Congé’en, Maladies, Saisien a Cessiounen...) bis zum Ausstelle vu Paifichen
  • Dir frot Remboursementer un fir aussergewéinlech Absencen (Congé éducation, Congé politique, Pappecongé, asw.)
  • Dir preparéiert Donnée fir d’Erstelle vun den Decompte fir déi eenzel Administratiounen a Ministèren
  • Dir sidd Kontaktpersoun fir eis Mataarbechter a Responsabel fir Froe betreffend    d‘Aarbechtsrecht, de Kollektivvertrag, d’Sécurité sociale,..
  • Dir huelt aktiv u verschiddenen Projeten am Service RH deel

Äre Profil:

  • Dir hutt een ofgeschlossene Diplom de fin d’études secondaires a konnt eng éischt    berufflech Erfarung an enger änlecher Funktioun sammelen
  •  Dir kennt Kollektivverträg vun der SAS an der AGEDOC
  •  Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer, a kennt iech idealerweis mat engem    oder mei vun eisen RH Systemer aus (WISAL, PEP, PERSIS a SeeZam) 
  •  Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  •  Dir sidd Teamfäeg, a kënnt eech u verschidden Uspriechpartner upassen
  •  Dir hutt gutt Organisatiounsfäegkeeten, sidd grëndlech an exakt
  •  Dir weist Initiativgeescht a sidd Verantwortungsbewosst

Mir bidden:

  • Dës Plaz gesäit ee 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit vir
  • Eng Ustellung fir ab direkt
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt an der Carrière C4 bezuelt
  • Meiglechkeet fir Teletravail ze maachen, an no Horaire Mobile ze schaffen