Educateur diplômé FSD à travers le pays

Veröffentlicht am 03/09/2025

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG logo

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG


D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Service

Familjenstärkungsdëngscht

Een Educateur diplômé (m/w/d)

CDI – 75% oder 80 %

 

Wichtegen Acteur an der Kanner- a Familljenhëllef zu Lëtzebuerg, d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf begleet zanter bal 60 Joer Kanner, Jugendlecher a Familljen an entscheedende Momenter vun hirem Liewen. Präsent zu Miersch, am SOS Kannerduerf, souwéi op verschiddene weidere Plazen am Land, entwéckelt d’Fondatioun Opnamstrukture a pedagogesch innovativ Projeten, baséiert op Respekt, Bientraitance an Autonomie.

Amgaang sech weider ze entwéckelen, stäerkt si haut hir Kompetenzen, fir de soziale wéi och educative Fuerderunge vu muer gerecht ze ginn, mat engem déifmënschlechen a festen Engagement.


Är Aufgaben:

  •  Dir iwwerhuelt d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen
  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
  • Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
  • Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure )
  • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
  • Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun      

 

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
  • Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
  • Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
  • Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
  • Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
  • Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
  • Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto


Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
  • Sympass Kaart.

 

Mëllt Iech online iwwert

a luet follgend Dokumenter rop

 

  • Motivatiounsbréif
  • Liewenslaf mat Foto
  • Kopie vum Diplom
  • Droit d'excercer

 

Am Fall vun engem Recrutement, gitt dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefrot.