Educateur diplômé / DAP Inclusion/ Auxiliaire de vie (M/F/D) - Naturcreche - Dippech - CDD 30h (6086)
Veröffentlicht am 16/12/2025
Croix-Rouge luxembourgeoise
Een Educateur diplômé oder een auxiliaire de vie oder DAP Inclusion (M/F/D) – Referenz : 6086
fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDD mat 30 Stonnen/Woch. Ab sofort bis 15/07/2026
Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!
Profil :
- Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“ oder "Auxiliaire de vie" oder DAP inclusion
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
- Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
- Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
- Dir kënnt autonom schaffen
- Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
- Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
- Dir hutt en Führerschäin B
Missiounen :
- Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
- Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
- Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
- D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
- Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
- Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn
Mir bidden Iech :
- Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
- De CCT-SAS Kollektivvertrag
- Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
- Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
- Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
- Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Auszuch aus dem Strofrecord gefrot, fir Är Éierlechkeet ze bewäerten, am Kader vun de spezifesche Besoinen vun der ze besetzender Plaz.