Een Agent technique
Veröffentlicht am 05/03/2025
Elisabeth
- Berbourg
- Gesundheitswesen / Pflege / Sozialarbeit
- Zwischen 3k und 7.1k € / Monat
Är Aufgaben:
- Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vum Gebäi, den Alentouren an dem Fuhrpark
- Divers deeglech Handwierksaarbechten, Renovatioun oder Reparaturen
- D’Offallwirtschaft
- Dir iwerhuelt Zoustänegkeet vum Secherheetsbeoptraachten
- Dir sidd bedeelegt un der Virbereedung vun verschiddenen Aktivitéiten am Haus (saisonal Dekoratioun, Fester a Manifestatiounen)
Äre Profil:
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Elektriker oder Heizungsmonteur as vu Virdeel
- Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher
- Erfarung am Usträicherberäich, der Beaarbechtung vun Holz oder Metall souwei och Montageaarbechten sinn vu Virdeel
- Computerkenntnisser (MS-Office)
- Kenntnisser vun den 3 Landessprooche (L/D/F)
- Zouverlässegkeet, Diskretioun, Flexibiltéit, Disponibilitéit, Dynamismus an Exaktheet
- Kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
- Dir schafft gäer am Kontakt mat de Bewunner a mat den Mataarbechter aus de verschiddensten Beruffsgruppen an Dir sidd bereet Iech mat a fir Menschen ze engagéieren
Mir bidden:
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)