Ee Chef de Service Accueil et Vie Sociale

Veröffentlicht am 05/03/2025

Elisabeth logo

Elisabeth


Är Aufgaben:

* Organiséieren vu professionellen, multidisziplinären Aarbechtsofleef am Kader vun onsem Konzept

* Koordinatioun a Evaluatioun am Beräich mam Ziel eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze assuréieren : fachlech sécher a mënschlech respektvoll

* Sécherstelle vun enger professioneller Kommunikatioun a Dokumentatioun

* Uspriechpartner a Beroder sinn fir Bewunner a Familljen a Kollaboratioun mat alle Chefs de Service an der Direktioun

* Leeden vun enger Equipe 

* An Zesummenaarbecht mat de Virgesetzten Astellung, Uleedung a Entwécklung vu neie Mataarbechter a Stagiairen

* Gestioun vu Schaff- an Congéspleng no SAS Kollektivvertrag

* Gestioun vum Material aus dem Beräich

* Virschloen a Matschaffen u neien Projetë


Äre Profil:

* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an engem soziale oder paramedezineschen Beruff (m/w)

* Beruffserfarung oder eng speziell Ausbildung am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen

* Erfarung an/ oder Weiderbildung am Beräich Leadership a Matarbechterentwécklung

* Freed a Bereetschaft Mataarbechter aus verschiddene Beruffsgruppen ze leeden an begleeden

* Mindestens 2 vun denen 3 Landerssproochen beherrschen

* Computerkenntnisser (MS-Office an/ oder Fleegedokumentatioun-Software)

* Kenntnisser am Beräich Fleegeversécherung

* Kenntnisser vum Aarbechtsrecht an dem SAS-Kollektivvertrag

* Ausgeprägten Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)

* Team- a Kommunikatiounsfäegkeet, Flexibilitéit

* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft

* Freed a Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren a matzeschaffen


Mir bidden:

* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit 

* Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag 


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn 


* Droit d'exercer (ggfs) 

* Casier judiciaire no 4 

* Führerschäin Klass B 

* Eischt Hëllefscours 



Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur. 


(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)