Inscription JOBDAY Spuerkeess Abgelaufen

Veröffentlicht am 10/06/2026

Spuerkeess logo

Spuerkeess


Arbeitszeit
Vertragsart
Sprachen
DE

Du bass un engem Job am Réseau vun eisen Agencen intresséiert?

 

Du kriss dëst Joer däi Première- oder Bachelordiplom oder hues deen schonn an der Täsch?

 

Da komm op den Jobday vun der Spuerkeess!

 

  • Wéini? Freideg, den 03. Juli 2026

 

Wat steet um Programm? 

 

Um Jobday kriss du engersäits vun Mataarbechter aus den Agencen en Abléck an hire Beruffsalldaag. Anerersäits kanns du och direkt mat de Recruteure schwätzen, en Virstellungsgespréich maachen a bei enger Visite guidée vun der Spuerkeess deelhuelen. 

 

D’Plaze fir den Jobday si limitéiert! Mell dech bis spéitstens den 24 Juni  un an ergräif deng Chance fir vläicht geschwënn an enger Bankagence vun der Spuerkeess ze schaffen!

 

Solls du selektionéiert ginn, kriss du eng Mail geschéckt, an där mir dir deng Participatioun bestätegen. 

 

Mir freeën eis op deng Participatioun!

1

Der Newsletter

Bleiben Sie stets über den Arbeitsmarkt in Luxemburg informiert und profitieren Sie von unseren praxisnahen Tipps!

Abmelden jederzeit möglich.