CONTENT CREATOR (GN*)
Veröffentlicht am 23/11/2026
SAN s.àr.l.
- Fischbach
- Marketing / Kommunikation / Design
Zur Erweiderung vun eisem Team siche mir:
EE CONTENT CREATOR (GN*)
Du hues e Gefill fir Social Media Trends, Storytelling a Marketing? Du produzéiers gäre Content a verschiddene Formater a wëlls Marken nohalteg siichtbar maachen? Da mell dech bei SAN – Creative Studio!
Deng Missiounen:
Kreatioun vu verschiddene Content-Formater: Biller, Videoen, Reels an Audio-Content fir Instagram, Facebook, LinkedIn an TikTok.
Däi Profil:
- Du bass kreativ, du fills dech an der digitaler Welt wuel a bréngs vill Eegeninitiativ mat
- Du kanns filmen a fotograféieren an hues Erfarung am Storytelling
- Du hues fundéiert Kenntnisser vun de gängege Grafiksprogrammer
- Du hues e gudden Ëmgaang mat deene verschiddenen KI Tools
- Du hues gutt technesch Kenntnisser a Video- a Bildbeaarbechtungsprogrammer
- Du hues e Verständnis an eng Passioun fir Social Media, SEO an Analytics
- Du hues en analytescht Denken an e Gefill fir Markekommunikatioun
- Du bass selbstänneg, strukturéiert a schaffs gären an engem Team
- Du beherrschs déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch souwuel mëndlech wéi och geschriwwen
Mir bidden dir:
- 32 oder 40 Stonnen d'Woch
- Freidesmëttes fräi
- Eng sécher Aarbechtsplaz an engem jonken, kreativen Team zu Fëschbech/Klierf
- Ofwiesslungsräich Projeten a vill Plaz fir deng Iddien
Interesséiert?
Da schéck eis deng Demande (CV, Motivatiounsbréif, Diplomer, Portfolio oder Beispiller vun denger Aarbecht an eng aktuell Foto) via Moovijob.com.