Educateur diplômé (M/F/D) / CDI / 30h/semaine

Veröffentlicht am 06/06/2024

Croix-Rouge luxembourgeoise logo

Croix-Rouge luxembourgeoise


D‘Lëtzebuerger Rout Kräizstellt an


Een Educateur diplômé (M/F/D) – Referenz : 4486


fir seng nei „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 30 Stonnen/Woch

Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!


Profil :


  • Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
  • Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
  • Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
  • Dir hutt en Führerschäin B


Missiounen :


  • Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
  • Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
  • Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
  • Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn


Mir bidden Iech :


  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag, Carrière C4
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet

 

Kandidaturen sollen iwwert via Moovijob.com agereecht ginn.


Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Croix-Rouge luxembourgeoise logo

Croix-Rouge luxembourgeoise

44 Boulevard Joseph II
1840 Luxembourg
Luxemburg

Karriere Croix-Rouge luxembourgeoise

Educateur diplômé (M/F/D) / CDI / 30h/semaine

Bewerben Sie sich online

Educateur diplômé (M/F/D) / CDI / 30h/semaine

Bewerben