Chef de Groupe CDI 100% Lux-Ville
Veröffentlicht am 11/03/2025
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Chef de Groupe (m/w/d)
Educateur gradué oder diplômé - CDI - 100% Meedercherswunngrupp an der Staadt
Är Aufgaben:
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen ;
- Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam ;
- Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn ;
- Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen ;
- Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;
- Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget ;
- Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen.
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der „autorisation d‘exercer” an 8 bis 10 Joer Erfarung an enger änlecher Positioun. Oder Dir hutt En unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz.
- Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Leedungs- a Féierungskompetenzen
- Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz
- Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen
- Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen
- Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen
- Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung
- Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
- Führerschäin (Klass B)
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen
- Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
- Sympass Kaart