Psychologue (m/f/x) CDI 50 %

Veröffentlicht am 11/08/2026

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG logo

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG


Arbeitszeit
Vertragsart
Bildungsniveau

Psychologue (m/f/x) CDI 50 %

CSTCDI202608C7

Date de publication: 09/08/2026

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner  an hire Famillje wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Är Expertise an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hire Famillje ze leeschten?

Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

An dëser Funktioun sidd Dir eng zentral Kontaktpersoun fir Kanner, Elteren, Educatiounsequippen a professionell Partner. Dir begleet Kanner mat emotionalen, psychosozialen a Verhalensschwieregkeeten, fërdert hir Ressourcen a stäerkt hir Entwécklung an drot domat aktiv zu hirem Wuelbefannen an zu hirer erfollegräicher Reintegratioun an de Schoulalldag bäi.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Psychologue (m/f/x) CDI 50 %

Är Aufgab

  • Dir sidd zoustänneg fir d’psychologesch Begleedung vu Kanner am Alter vu 4 bis 12 Joer, déi sech an enger Situatioun vu schoulescher Nout befannen an ausgepräägt Verhalensschwieregkeeten weisen.

  • Dir analyséiert d’Situatioun vun de Kanner, definéiert passend Interventiounen a setzt e kloren therapeuteschen an edukative Kader.

  • Dir féiert psychologesch  Bilanen duerch a formuléiert fachlech Recommandatiounen.

  • Dir bitt de Kanner e séchert a vertrauensvollt Ëmfeld, an deem si hir sozial-emotional Kompetenze kënne stäerken.

  • Dir erstellt, begleet a reevaluéiert individuell therapeutesch Ziler a Fërderungspläng.

  • Dir schafft aktiv un der Stäerkung vun de Ressourcen, der emotionaler Stabilitéit an der Selbstregulatioun vun de Kanner.

  • Dir bedeelegt Iech un Opnam-, Evaluatiouns- an Orientéierungsprozesser a gitt fachlechen Input bei der Definitioun vu passenden Ënnerstëtzungsmoossnamen.

  • Dir dokumentéiert Är Interventiounen a suergt fir eng korrekt an aktuell Gestioun vun den Dossieren an den Datebanken.

  • Dir evaluéiert reegelméisseg d’Effikassitéit vun den agefouerte Moossnamen a passt dës un d’Besoine vun de Kanner un.

  • Dir beréit an ënnerstëtzt Elteren a Fachpersonal am Ëmgang mat sozial-emotionalen a Verhalensschwieregkeeten.

  • Dir drot aktiv dozou bäi, d’Haaptzil vum Centre socio-thérapeutique z’erreechen: d’Stabiliséierung vum Kand an eng erfollegräich Reintegratioun an de reguläre Schoulalldag.


Wat eis ënnerscheet

Mir investéieren an Är Entwécklung

Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,  ...)

Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse

Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung

Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement

  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

  • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung

E professionellen a strukturéierte Kader

  • Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team

  • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen

  • Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun

  • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung

Eng Missioun mat Wierkung

  • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren

  • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen

  • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen


Äre Profil

Diplomer a fachlech Kompetenzen

  • Dir sidd am Besëtz vun engem Master an der Psychologie a verfüügt iwwer engAutorisatioun fir de Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben, oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass.

  • Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Familljen a schwierege Situatiounen oder am edukative Beräich ass e Virdeel.

  • Dir kennt dat psychosoziaalt a soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen.

  • Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen.

  • Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner a Familljen optrieden.

Perséinlech Kompetenzen

  • Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst.

  • Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Kanner, Elteren a Fachleit opbauen.

  • Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team.

  • Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen.

  • Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen.

  • Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen

Zousätzlech Ufuerderungen

  • Führerschäin B

  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen

  • CDI

  • Beschäftegungsgrad: 50%

  • Remuneratioun laut CCT-SAS C7

  • Attraktiv extralegal Virdeeler


Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'exercer


Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Bewerben Sie sich online

Psychologue (m/f/x) CDI 50 %

 
 
 
 

Zulässige Formate:
.pdf, .doc, .docx, .odt (Max. Größe: 10 mo).



z.B. Motivationsschreiben, Portfolio, etc.

Zulässige Formate:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (Max. Größe : 10 mo).


Nutzen Sie die Gelegenheit und erstellen Sie ein kostenloses und sicheres Profil und treten Sie der Moovijob-Community bei.

 
 
i
Bitte nutzen Sie mindestens 8 Zeichen mit Buchstaben, einer Zahl und einem Symbol.
Datenschutz

Bei Moovijob.com achten wir auf die Sicherheit Ihrer Daten. Ihr Moovijob-Profil wird niemals öffentlich erscheinen. Wir respektieren die Privatsphäre-Einstellungen, die Sie auswählen. Nur die Firmen, bei denen Sie sich bewerben oder die Zugriff auf die Lebenslaufdatenbank haben, können Ihr Profil einsehen, wenn Sie es möchten.


Informieren Sie sich über den luxemburgischen Arbeitsmarkt und erhalten Sie unsere Tipps und Ratschläge!

Wenn Sie sich auf Moovijob.com bewerben, erklären Sie sich mit den rechtlichen Nutzungsbedingungen einverstanden.


1

Der Newsletter

Bleiben Sie stets über den Arbeitsmarkt in Luxemburg informiert und profitieren Sie von unseren praxisnahen Tipps!

Abmelden jederzeit möglich.