Educateur diplômé oder Agent éducatif (m/w/d) fir d'Maison Cales zu Bouneweg CDI 75% - 80%
Veröffentlicht am 18/07/2026
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op.
Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Är Aufgaben :
Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp
Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team
Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen
Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung
Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen
Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen
Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, Kanner- a Jugendschutz, SOP, ...)
Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesstem
Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
Strukturéiert Qualitéitsmanagement
Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden
E professionellen a strukturéierte Kader
Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team
Reegelméisseg Supervisiounen
Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher
Kloer Strukturen a professionell Begleedung
Eng Missioun mat Wierkung
Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen
Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie
E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil :
Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé oder Agent éducatif, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen
Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten
Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht
Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis
Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche
Führerschäin B
Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel
Konditiounen
CDI 75-80 %
Remuneratioun laut CCT-SAS (C3/C4)
Bestoend extra-legal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'exercer (wann zoutreffend)
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.