Chef de groupe (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 %

Veröffentlicht am 29/08/2026

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG logo

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG


Arbeitszeit
Vertragsart
Bildungsniveau

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op.

Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Är Aufgaben:

  • Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp.

  • Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team.

  • Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen.

  • Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung.

  • Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen.

  • Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen.

  • Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen.


Wat eis ënnerscheet:

Mir investéieren an Är Entwécklung

  • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,  ...).

  • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen.

  • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse.

  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung.

Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement.

  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung.

  • Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden.

E professionellen a strukturéierte Kader

  • Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team.

  • Reegelméisseg Supervisiounen.

  • Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher.

  • Kloer Strukturen a professionell Begleedung.

Eng Missioun mat Wierkung

  • Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen.

  • Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie.

  • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen.


Äre Profil

Diplomer a fachlech Kompetenzen

  • Dir sidd am Besëtz vun engem unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpöadagogik den Educateur gradué’s Diplom oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass.

  • Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Jugendlëche oder am edukative Beräich ass e Virdeel.

  • Dir kennt dat soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen.

  • Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen.

  • Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner, Jugendlëch a Familljen optrieden.

Perséinlech Kompetenzen

  • Dir hutt Leedungs a Féierungskompetenzen.

  • Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst.

  • Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Jugendlëchen, Elteren a Fachleit opbauen.

  • Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team.

  • Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen.

  • Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen.

  • Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen

Zousätzlech Ufuerderungen

  • Führerschäin B

  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen

  • CDI

  • Beschäftegungsgrad: 100%

  • Remuneratioun laut CCT-SAS C6

  • Attraktiv extralegal Virdeeler


Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!


Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom


Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Bewerben Sie sich online

Chef de groupe (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 100 %

 
 
 
 

Zulässige Formate:
.pdf, .doc, .docx, .odt (Max. Größe: 10 mo).



z.B. Motivationsschreiben, Portfolio, etc.

Zulässige Formate:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (Max. Größe : 10 mo).


Nutzen Sie die Gelegenheit und erstellen Sie ein kostenloses und sicheres Profil und treten Sie der Moovijob-Community bei.

 
 
i
Bitte nutzen Sie mindestens 8 Zeichen mit Buchstaben, einer Zahl und einem Symbol.
Datenschutz

Bei Moovijob.com achten wir auf die Sicherheit Ihrer Daten. Ihr Moovijob-Profil wird niemals öffentlich erscheinen. Wir respektieren die Privatsphäre-Einstellungen, die Sie auswählen. Nur die Firmen, bei denen Sie sich bewerben oder die Zugriff auf die Lebenslaufdatenbank haben, können Ihr Profil einsehen, wenn Sie es möchten.


Informieren Sie sich über den luxemburgischen Arbeitsmarkt und erhalten Sie unsere Tipps und Ratschläge!

Wenn Sie sich auf Moovijob.com bewerben, erklären Sie sich mit den rechtlichen Nutzungsbedingungen einverstanden.


1

Der Newsletter

Bleiben Sie stets über den Arbeitsmarkt in Luxemburg informiert und profitieren Sie von unseren praxisnahen Tipps!

Abmelden jederzeit möglich.