Marketing- a Kommunikatiounsmanager (M/W) Abgelaufen

Veröffentlicht am 31/12/2025

La Provençale logo

La Provençale


Arbeitszeit
Vertragsart
Sprachen
FR , EN , DE , LB
Bildungsniveau

LA PROVENCALE, Leader am Grousshandel am Groussherzogtum vu Lëtzebuerg, sicht dech !


En talentéierten a motivéierten Marketing- a Kommunikatiounsmanager fir eist dynamescht Team waat aus Grafiker an Drécker besteet ze verstäerken.

Du hues Erfarung an der Gestioun vu Marketing- a Kommunikatiounsprojete, eng déifgräifend Versteesdemech vu lëtzebuergesch Maarttrends an d'Fäegkeet effektiv Strategien auszeschaffen an ëmzesetzen?

Dann mell dech bei ons!

**Responsabilitéiten:**

-         Entwécklung a Realiséierung vu Marketing- a Kommunikatiounspläng, déi mat den Ziler vun der Firma ausgeriicht sinn.

-         Gestioun vun Annoncekampagnen a Promotiounen iwwer verschidde Kanäl.

-         Iwwerwaachung vun der Erschafung vu Marketing- a Kommunikatiounsinhalter.

-         Analyse vun de Leeschtungen vun de Kampagnen a Virschléi fir Verbesserungen.

-         Koordinatioun mat intern Departementer a baussenzege Partneren.

-         Organisatioun vun Eventer a Public Relations Aktivitéiten.

-         Equipeféierung vun 8 Léit


**Gesichte Profil:**

-         Universitéitsdiplom a Marketing, Kommunikatioun oder engem vergläichbaren Beräich.

-         Eng éicht Erfarung an enger ähnlecher Positioun.

-         Exzellent kommunikativ Fäegkeeten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Englesch an wéider Sproochen sinn e Virdeel.

-         Fäegkeet fir autonom a mat engem Team ze schaffen.

-         Kreativitéit, Organisatiounstalent an Opmierksamkeet fir Detailer.

-         Kompetenzen an digitale Marketinginstrumenter a soziale Medien.

**Mir Bidden:**

-         Ee stimuléierenden an innovativen Aarbechtsëmfeld.

-         Ee Vertrag deen Iech eng laangfristeg Stabilitéit sécherstellt

-         D'Méiglechkeet, Karriär an enger lëtzebuergescher Firma ze maachen


Folgendes könnte Sie ebenfalls interessieren