Responsabel vum Departement (m/f/d)

Veröffentlicht am 16/01/2025

Hëllef um Terrain asbl logo

Hëllef um Terrain asbl


HUT - Hëllef um Terrain Engagéiert fir d‘Departement Hëllef fir Kanner a Famillen


1 Responsabel vum Departement


40 Stonne/Woch CDI - Direkt Disponibilitéit


Réf 2024 - RES- AEF 


Aufgab:


Bericht un den Direkter, den Employé wäert d'Missioun hunn d'Departement "Hëllef fir Kanner a Famillen" z'entwéckelen a muss de Management an d’Supervisioun garantéieren.


Responsabilitéiten:


  • D’Mataarbeschter leeden ze kennen, fir hier Kompetenzen ze entweckelen, d’Aarbechtszäiten an d‘Personal ze geréieren; 
  • Den administrative Suivi vun de finanziellen a pedagogëschen Aspekter, fir eis Clienten a Beneficiairen garantéieren;
  • D’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Salariéen an de Beneficiairen versécheren;
  • De gudde Fonctionnement vum Service sécherstellen, aus enger Management-, Verwaltungs- an Operationeller Sicht;
  • D’Konformitéit an d’Ëmsetzung vun de ministeriellen a institutionelle Direktiven assuréieren;
  • Den nationale Rahmenplan fir Hëllef fir Kanner a Famille kennen an e „Concept d’action général“ emsëtzen kënnen;
  • D’Implementatioun vum pedagogesche Konzept sécherstellen;
  • Ausschaffe vu pedagogesche Projeten an d’Ëmsetzung ënnerstëtzen a garantéieren.


Obligatoresch Ufuederungen:


  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten;
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am sozio-edukative Beräich;
  • Du kenns dech mam lëtzebuerger Sozialsecteur, de staatleche Strukturen an der Gesetzgebung aus;
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen;
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften;
  • Du kanns selbstänneg schaffen;
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitsch Kenntnisser;
  • Du hues gutt informatesch Kenntnisser (Word, Excel, Outlook).


Mir bidden un:


  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen;
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass;
  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld;
  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt;
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag.

 

Erfahrung am Beräich mat Migranten a Flüchtlingen ass e Virdeel.

 

D'Kandidatur (Motivatiounsbréif, CV, Kopie vun den Diplomer, Unerkennung vum Diplom, Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren, Aarbechtszertifikater, Extraiten aus dem Lëtzebuerger Casier (Bulletin Nr. 3, 4, 5) a Wunnsëtz musse bis den 25.01.2025 via Moovijob.com.

 

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Hëllef um Terrain la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Hëllef um Terrain, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).

Hëllef um Terrain asbl logo

Hëllef um Terrain asbl

41 Rue Du Puits Romain
8070 Bertrange
Luxemburg

Karriere Hëllef um Terrain asbl

Responsabel vum Departement (m/f/d)

Bewerben Sie sich online

Responsabel vum Departement (m/f/d)

 
 

Zulässige Formate:
.pdf, .doc, .docx, .odt (Max. Größe: 10 mo).



z.B. Motivationsschreiben, Portfolio, etc.

Zulässige Formate:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (Max. Größe : 10 mo).


Nutzen Sie die Gelegenheit und erstellen Sie ein kostenloses und sicheres Profil und treten Sie der Moovijob-Community bei.

 
 

Wenn Sie sich auf Moovijob.com bewerben, erklären Sie sich mit den rechtlichen Nutzungsbedingungen einverstanden.