Erzéier (m/w/x) - CDD - 50%
Veröffentlicht am 09/12/2024
Fondation Kräizbierg
D’Fondatioun Kräizbierg, œuvre d’utilité publique, sicht fir hire Foyer Domaine Schoumansbongert zu Fréiseng
een diploméierten Erzéier (m/w)
20 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil :
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier
- beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
- PC-Kenntnisser (Office Tools) Ärerseits sinn vun Virdeel
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
Mir bidden :
- Ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
- Eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- An encouragéieren Är professionell Weiderbildung
Dir fannt weider Informatiounen op eiser Internetsäit www.kraizbierg.lu ënnert der Rubrik „Jobs“ wou dir Är Kandidatur bis den 31.12.2024 eraschécken kënnt.