Aide-soignant (m/w/x) / 28 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD
Veröffentlicht am 14/06/2024
Fondation Kräizbierg
D’Fondatioun Kräizbierg, œuvre d’utilité publique, sicht fir hire Foyer Domaine Schoumansbongert zu Fréiseng
een Aide-soignant (m/w/x) 28 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil:
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant,
- beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
- PC-Kenntnisser (Office Tools) Ärerseits sinn vun Virdeel
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
Mir bidden:
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- an encouragéieren Är professionell Weiderbildung