Responsabel adjoint (M/F/D) - Naturcrèche zu Dippech / CDI / 40 Stonnen/Woch

Veröffentlicht am 19/08/2024

Croix-Rouge luxembourgeoise logo

Croix-Rouge luxembourgeoise


Arbeitszeit
Vertragsart
Sprachen
FR , DE , LB
Bildungsniveau

La Croix-Rouge luxembourgeoise recrute


Ee Responsabel adjoint (M/F/D)


référence: 4619


fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch.


Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Meint - 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau ierch.


Profil:


  • Dir hutt en Diplom am pedagogeschen oder sozio-edukativen Beräich (Niveau Bachelor)
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch - All weider Sprooch ass vun Virdeel
  • Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
  • Dir hutt Formation „Référent pédagogique plurilingue“ oder sidd bereet dei zemaachen.
  • Dir hutt eng éischt Beruffserfarung am Teammanagement
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
  • Dir hutt en Führerschäin B


Missiounen:


  • Encadrement vun Kanner vun 18 Meint bis 4 Joer
  • Enk Zesummenarbescht mam Responsable vun da Naturcrèche Dippach
  • Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditionen organiséieren an duerchféieren
  • Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assureiren (Schoul, Maison Relais, Eltren, etc.)
  • Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht gin


Mir bidden Iech:



  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag, Carrière C6
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou den Mënsch am Virdergrond steet


Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Croix-Rouge luxembourgeoise logo

Croix-Rouge luxembourgeoise

44 Boulevard Joseph II
1840 Luxembourg
Luxemburg

Karriere Croix-Rouge luxembourgeoise

Responsabel adjoint (M/F/D) - Naturcrèche zu Dippech / CDI / 40 Stonnen/Woch

Bewerben Sie sich online

Responsabel adjoint (M/F/D) - Naturcrèche zu Dippech / CDI / 40 Stonnen/Woch

Bewerben
Seien Sie dabei
am 27.09. 😍