Psycholog.in - Service „Riicht Eraus - LOTUS“ - Lëtzebuerg - CDI - 22h (5010)
Veröffentlicht am 30/12/2024
Croix-Rouge luxembourgeoise
D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Psycholog / Psychotherapeut (M/F/D) – Referenz: 5010
fir saïn Service „Riicht Eraus - LOTUS“ op Basis vun engem CDI mat 22 Stonnen/Woch
De Service "LOTUS" huet d'Missioun, Mannerjähreger tëscht 12-17 Joer, déi en transgressivt Verhalen hunn ze berooden.
Missiounen:
- Psychologeschen Suivi vu Mannerjärege am individuellen- an/oder Familljesetting
- Zu der Entwécklung vum Service beidroen
- Zesummenaarbecht mat aneren externe Servicer (Justizorganer, sozialen Acteuren, asw.)
- De Service bei Formatiounen oder aneren Sensibiliséierungsveranstaltungen vertrieden
Profil:
- Universitéitsdiplom an der klinescher Psychologie oder der Entwécklungspsychologie an/oder der Psychotherapie
- Beruffserfarung an der therapeutescher Aarbecht mat Mannerjähregen
- Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen. All aner Sprooch ass e Virdeel.
- Sécherheet an Erfarung am féiere vun Eenzel- an Familljengespréicher
- Gutt Bezéiungskompetenzen mat Mannerjäregen, déi en iwwergräifend Verhalen hunn
- Verantwortungsbewosst sin an Fäegkeet hun selbstänneg ze schaffen
- Aarbechtszäiten no de Besoine vum Service an den Jonken unpassen
- Bereetschaft un Formatiounen deelzehuelen
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.