NEW Responsabel Pédagogique – Nouveau Centre socio-thérapeutique (m/w)

Veröffentlicht am 28/06/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Arbeitszeit
Vertragsart
Sprachen
FR , EN , DE , LB
Berufserfahrung
Bildungsniveau

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Du hues Loscht Entscheedungen an engem dynameschen Team vun engem Centre socio-thérapeutique matzegestalten.


Mir sichen als aktiv Ënnerstëtzung vun der Equipe pédagogique vun dem neie Centre socio-thérapeutique: Responsabel Pédagogique (m/w) – 40 Stonnen/Woch CDI


Mir bidden dir

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld
  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille gëtt.
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Villfältegen Aufgabeberäich

  • Matgestalten vun enger neier Struktur am Häerzen vum der Staat Lëtzebuerg
  • Kontakt hierstelle mat internen an exteren Déngschter 
  • Opbauen a Pfleege vun Netzwierk mat potentielle Kooperatiounspartner 
  • Ausschaffe vu pädagogesche Programmer, Fërdere vun Kanner a Jugendlecher a Stäerke vun der Zesummenarbescht mat den Elteren/Bezuchspersounen
  • Ausféieren vu verschidden administrativen Tâchen, ewéi d’Erstellenvun Aarbechtspläng, Budgeten oder aner Dokumentatiouns Aarbechten
  • Representéiere vu pädagogesche Konzept esouwuel intern ewéi extern

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues eng gutt Selbstreflexioun a Selbstkenntnisser
  • Du hues Fachwëssen zu verschidde Verhalenopfällegkeeten
  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden
  • Du hues mindestens 5 Joer Erfarung an der stationäre Kanner- a Jugendhëllef
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften
  • Du hues gutt Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)



ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

2 Place de Strasbourg
2562 Luxembourg
Luxemburg

Karriere ARCUS asbl

NEW Responsabel Pédagogique – Nouveau Centre socio-thérapeutique (m/w)

Bewerben Sie sich online

NEW Responsabel Pédagogique – Nouveau Centre socio-thérapeutique (m/w)

Bewerben