NEW Psycholog (M/W/D) – Berodungsdéngscht (Familljenhaus Norden)
Veröffentlicht am 07/02/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir de Berodungsdéngscht (Familljenhaus Norden zu Dikrech) e Psycholog (m/w/d) am CDI mat 20-32 Stonnen/Woch.
Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen. Dorënner, bitt de Berodungsdéngscht eng psychotherapeutesch Ënnerstëtzung fir Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener, Elteren a Fleegefamilljen, déi individuell oder familiär Problemer hunn, souwéi Diagnostik a Clearing.
Deng Aufgaben:
Du begleets an ënnerstëtz eenzel Persounen a Familljen op hirer Rees zu méi Wuelbefannen a Stabilitéit
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog (Master), oder soss e Master an engem sozial-pädagogesche Beräich, respektiv eng Unerkennung als Psychotherapeut
Du hues eng therapeutesch Ausbildung vun minimum 300 Stonnen („en cours de formation“ kënnt och a Fro)
Du hues minimum 2 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum C1), all aner Sprooch ass vu Virdeel
Du hues de Permis B an en Auto
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)