NEW Kach (M/W/NB) - Crèche & Maison Relais Nidderfeelen
Veröffentlicht am 04/06/2026
ARCUS asbl
- Niederfeulen
- Hotellerie / Gastronomie / Lebensmittelhandwerk
Mir siche fir eis Crèche a Maison Relais zu Nidderfeelen : Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
D’Kichenekipp vun der Crèche & Maison Relais besteet aus enger Chefkächen, engem Kach, 2 Hëllefskäch a suergt am Alldag fir frësch, saisonal a regional Molzechten.
Deng Aufgaben:
Enk Zesummenaarbecht mat der Chefkächen fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen a preparéieren
Schaffen no den HACCP-Normen
Molzechte fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren
Ënnerstëtzung bei der Gestioun vum Stock a beim Ausraumen/Botzen
D’Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach
Eng Beruffserfarung an engem änleche Posten ass vu Virdeel
Du hues e fundéiert Wëssen am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner
Du hues Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B1)
Du hues e Permis B an e perséinlechen Auto
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)