NEW Educateur gradué/Educateur diplômé/Auxilliaire de vie - Maison Relais Dikrech (m/w/d)
Veröffentlicht am 20/11/2024
ARCUS asbl
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir sichen en engagéierten pädagogeschen Mataarbechter (m/w/d), den Loscht huet, Kanner vun de Cyclen 1 an 2 an hirem Alldag ze begleeden. Eis häerzlech a villfälteg Ekipp, bestoend aus aus 13 Mataarbechter*innen, gestalten een ofwiesslungsräicht non-formalt Bildungsangebot fir ronn 100 Kanner, an zéng verschidde Funktiounsberäicher.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d'Maison Relais Dikrech: Educateurs diplômés (m/w/d) - 30 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Mir bidden
- Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
- Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
- En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Mir freeën eis iwwer all perséinlech Kompetenz an Interessi, déi Dir mat an d’Ekipp erabréngt !