NEW Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Reisduerf Abgelaufen

Veröffentlicht am 16/12/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Mir siche fir d'Maison Relais Reisduerf : Educateur diplômé oder Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 25-30 Stonnen/ Woch


D'Maison Relais Reisduerf bitt Plaz fir 180 Kanner an ass eng Betreiungsstruktur, déi Kanner an hiren Interessen an hirer Entwécklung ënnerstëtzt. Déi vill verschidde Funktiounsräim (z.B. kreativen Atelier, Medienraum, Rollenspillraum oder Holzwerkstatt) bitt eng ofwiesslungsräich Betreiung fir d'Kanner. Als Erzeiher begleets an ënnerstëtz du d'Kanner an hirem Léieren, baséiert op hiren Interessen, a schaafs Raum an der d'Kanner hire Froen nogoe kënnen.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)