NEW Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen
Veröffentlicht am 12/02/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir d’Maison Relais Capellen: Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) am CDI mat 20-30 Stonnen/Woch
An der Maison Relais Capellen gëtt Teamgeescht tëscht dem Personal, de Kanner, den Elteren an der Schoul grouss geschriwwen. 250 Kanner ginn an enger dynamescher Ekipp vu 35 Mataarbechter, fir déi Zesummenhalt, Inklusioun an e gudde Kontakt zu der Famill wichteg ass, empfaangen. Villfälteg Bildungsräim, déi vum pädagogesche Personal kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, stinn de Kanner zur Verfügung. All Mataarbechter huet d'Méiglechkeet sech stänneg weider ze entwéckelen, duerch Formatiounen déi ugebuede ginn, ewéi och duerch déi intern Fachberodung.
Deng Aufgaben:
Du empfänks a begleeds Kanner vum Cycle 1-4
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom oder sichs eng Aarbechtsplaz fir deng Educateursformatioun
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Waat dech erwaart:
D'Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou datt du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)