NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen
Veröffentlicht am 03/10/2026
ARCUS asbl
- Oberanven
- Gesundheitswesen / Pflege / Sozialarbeit
Mir siche fir d’Maison Relais Nidderaanwen: Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) am CDI mat 17-25 Stonnen/Woch
D’Maison Relais Nidderaanwen bitt Plaz fir 405 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer verschidden altersgerecht equipéiert Raim an e Kannerrestaurant. D’Sportshal vun der Schoul souwéi e puer Spillplaze fërderen d’Beweegung an eng ofwiesslungsräich Betreiung.
Deng Aufgaben:
Du begleeds d’Kanner op hirem Wee zu Fouss (Pedibus) oder mam Bus
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren a mam Schoulpersonal
Du hëllefs der Ekipp an der Maison Relais aus (Kanner vum Cycle 1-4)
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Agent socio-pédagogique (DAP Education) oder en Certificat als Aide socio-éducatif / Aide socio-familial
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Wat dech erwaard:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)