Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) (M/W/NB) - focus
Veröffentlicht am 01/04/2025

ARCUS asbl
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Si bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Hues du Loscht, am Beräich vun der sozialpädagogescher Berodung, Begleedung a Weiderbildung ze schaffen? Da mëll dech elo.
Mir siche fir de Service Focus: Fachbegleeder Petite Enfance (M/W/NB) 30- 40 Stonnen/Woch, CDI
Responsabilitéiten
Konzeptuell Begleedung vu Crèchen an hirer pädagogescher Qualitéitsentwécklung
Pädagogesch Berodung vu Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,
Entwécklung an Ausschaffe vu pädagogesche Konzepter a Projeten,
Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich
Aktiv Reseauen zu pädagogesche Froestellungen entwéckelen a fërderen
Obligatoresch Ufuerderungen
Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives
Du hues relevant Zousatzqualifikatiounen, de Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel
Du hues Erfarung an der pädagogescher Aarbecht mat klenge Kanner
Du kenns dech gutt mat der non-formaler Bildung aus
Du hues Kompetenzen a bass kreativ an der Erwuessenebildung
Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)
Mir Bidden
Zäit fir dech an d'Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld