Commercial (m/f)
Veröffentlicht am 05/12/2025
Agence Foyer Schumacher & Schmitz
- Remerschen
- Verkauf / Vertrieb
- Versicherungswesen
D’Agence Schumacher & Schmitz zu Remerschen an d‘Agence Welter & Schmitz zu Réimech sichen e Commercial (m/f)
Är Missiounen:
- Dir stitt am direkte Kontakt mat der privater a professioneller Clientèle vun der Agence,
- Dir suergt dofir, datt är Relatioune mam Client gefleegt an ausgebaut ginn,
- Dir schafft aktiv drun, fir nei Clienten ze gewannen,
- Dir assuréiert den administrative Suivi vun de Clientsdossieren.
Eis Offer:
- d‘Méiglechkeet fir an enger traditiounsräicher Agence ze schaffen, déi zu engem renomméierte Grupp gehéiert an eng staark Mark am Secteur vun den Assurancen zu Lëtzebuerg ass,
- en dynameschen a professionellen Environnement,
- exzellent Méiglechkeete fir sech weiderzebilden,
- interessant Entwécklungsperspektiven,
- d‘Avantage vum Assurancen-Kollektivvertrag
- ee Contrat à durée indéterminée
- eng Remuneratioun, déi äre Kapazitéiten an äre Resultater entsprécht.
Äre Profil:
- Dir hutt een Bac, Bac +3 oder eng äquivalent Berufserfahrung
- Dir hutt e staarke Geschäftsgeescht,
- Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
- Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch a Franséisch, all aner Sprooch ass vu Virdeel.