Moovijob.com lancéiert "Moov deng Gemeng" an hëlleft lëtzebuergesch Gemenge bis Enn des Joers gratis ze rekrutéieren

Florane Giolatavatar

Am 28/06/2021, von Florane Giolat veröffentlicht

Bei Geleeënheet vum Nationalfeierdag stäerkt Moovijob.com, de féierende Jobboard zu Lëtzebuerg an Organisateur vu Rekrutéierungsevenementer, seng lokal Positionéierung andeems se de Lëtzebuerger Gemenge bis Enn des Joers ënnerstëtzen.


Vum 28. Juni bis den 31. Dezember 2021 soll de "Moov deng Gemeng" Projet gratis Diffusioun vun Jobofferen op Moovijob.com ubidden fir all d‘Gemengen, déi am Grand-Duché rekrutéieren.


Den Aarbechtsmaart am Mëttelpunkt zu Lëtzebuerg


Nodeems Moovijob.com seng Roll als lokalen Acteur bewisen huet, andeems déi 3,500 Annoncen um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart iwwerschratt goufen, kennt eng nächst staark Aktioun. Déi soll der Wirtschaft an dem Aarbechtsmaart am Land no der Gesondheetskris vum Covid-19 hëllefen.


D'Zil? Ënnerstëtzung, andeems Gemenge gratis Plazen ugebuede kréien, déi der Verëffentlechung vun hiren Aarbechtsplaze reservéiert sinn.


“Verschidde Gemengen hunn wéineg Visibilitéit, besonnesch am Norde vum Land zum Beispill. Mat "Moov deng Gemeng" wëlle mir ënnerstëtzen an un Regeneratioun vum Aarbechtsmaart a ganz Lëtzebuerg deelhuelen. Dëst ass eise Wee fir ze hëllefen." Yannick Frank, Direkter Lëtzebuerg.


Dës Aktioun erlaabt also all de Stied an Dierfer vu Lëtzebuerg, déi et wëllen, vun de selwechte Servicer ze profitéiere wéi déi Firmen, déi dank Moovijob.com rekrutéieren, nämlech: Verëffentlechung vun enger onlimitéierter Unzuel un Jobofferen bis Enn des Joers um Jobboard wéi och seng Partnersäiten (L'essentiel, RTL, Diegrenzgaenger a vill anerer), de Suivi vun de Kandidaturen direkt iwwer déi integréiert Gestiounsplattform, an d‘Deele vun Annoncen op de sozialen Netzwierker vu Moovijob fir d‘Chance ze rekrutéieren ze erhéijen.


Nëtzlech Informatiounen


Gratis an onverbindlech Aktioun fir all d‘Lëtzebuerger Gemengen an/oder Stied an Dierfer vum 28. Juni 2021 bis den 31. Dezember 2021.


Kontakt

Louis Van Wambeke: louis.vanwambeke@moovijob.com

Telefon. : +352 24 87 37 80

Mob. : +352 661 367 808

Hat es Ihnen gefallen? Lassen Sie es uns wissen!

Teilen auf