Gestionnaire de salaires (m/w/x) / 30 Stonnen/Woch / CDD
Veröffentlicht am 12/09/2024
Fondation Kräizbierg
D’Fondatioun Kräizbierg, œuvre d’utilité publique, sicht fir hire Service Ressources Humaines zu
Diddeleng
een « Gestionnaire de salaires » (m/w/x)
30 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD (1 Joer)
Äre Profil :
- Dir hutt een DAP / CATP am administrative Beräich oder equivalent,
- Dir hutt minimum 3 Joer Erfarung am Beräich vun de Paien an der Gestioun vun de Krankmeldungen
- Dir kennt d’lëtzebuergescht Aarbechtsgesetz, an dir huet idealerweis schonn am soziale Secteur geschafft (CCT-SAS)
- Dir beherrscht d’Lëtzebuerger Sprooch an hutt eng excellent Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch (am Schwätzen an Schreiwen)
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
- Dir hutt ganz gutt Kenntnisser am „MS Office“, d’ Maîtrise vun Apsal ass vu Virdeel
Mir bidden :
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- an encouragéieren Är professionell Weiderbildung
Dir fannt weider Informatiounen op eiser Internetsäit www.kraizbierg.lu ënnert der Rubrik „Jobs“ wou dir Är Kandidatur bis den 25.08.2024 eraschécken kënnt.